Zanter 2011 hunn d'CHEM-Bikers vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch all Joer en Event organiséiert, deen zum Zil hat, d'Kriibsforschung ze ënnerstëtzen.

D'Editioun 2015 déi mär « CYCLING FOR HEALTH » gedeeft hunn, ass matt der Ënnerstëtzung vum Vëlosclub LC Kayl organiséiert ginn. Wéi schonn 2014 steet och dëst Joer nieft dem klassesche Mastertour vun 307 Kilometer en Ultraparcous vun 340 Kilometer um Programm. Den Depart ass mueres um 5.30 Auer zu Téiteng an der Schungfabrik an d'Arrivée ass fir 19.30 Auer geplangt.

Esou wéi e kriibskranke Patient a seng Famill u seng kierperlech awer och psychesch Grenze bruecht gëtt, ass och de Master Tour ze verstoen : de Parcours féiert d'Cyclisten ronderëm d'ganzt Lëtzebuerger Land, an 12 Stonnen Vëlo iwwer 300 Kilometer fueren an dobäi iwwer 3500 Héichtemeter zeréckleeën bréngt eis un déi physesch an och psychesch Grenzen.

Ähnlech wéi bei der Kriibskrankheet ass esou eng Epreuve just mat staarker Ënnerstëtzung a Solidaritéit ze packen. A genau ënnert dësem Motto fueren ca. 100 Cyclisten zesummen déi 300 Kilometer a setzen domatt e kloert Zeechen : matt der néideger Ënnerstëtzung an der Solidaritéit vu Leit déi engem no stinn kann een och Situatiounen meeschteren déi a priori aussiichtslos sinn oder schéinen.

Jiddereen, deen den 18. Juli mat eis en Zeeche vu Solidaritéit setze wëll, ka sech um « CYCLING FOR HEALTH » zu Téiteng an der Schungfabrik bedeelegen :

Mueres ab 8 Auer hu mär fir iech zwou Randonnéeën vun 73 oder 120 Kilometer organiséiert

Zwëschent 9.30 an 18 Auer kënnt där awer och bei eisem Indoor Cycling matmaachen (bei schéinem Wieder fuere mär outdoor)

Ab 12 Auer si där dann häerzlech op den Apéro invitéiert, wou den Escher Conservatoire en Jazz-Concert offréiert

Vu 15 bis 16.30 Auer hu mär e Vëlosparcours organiséiert fir Kanner ënnert der Leedung vum Andy Schleck (Vëlo matbréngen)

Um 19 Auer ass eng Bodybuilding-Show organiséiert vum Jean-Marie Bremer

Um 19.30 ass dann déi grouss Arrivée vum Master Tour matt uschléissender Scheckiwwerreechung un Télévie

Ofschloss vum CYCLING FOR HEALTH bei engem gudde Patt

D'Recetten vun eisem Event kommen integral der Recherche géint de Kriibs zegutt.