Wéi all Joer waren et erëm ëm déi 250 Leit, déi sech d'Geleeënheet net entgoen gelooss hunn, fir dee besonnesche Gaart kucken ze goen.

Nieft enger Promenade duerch de 24 Ar grousse Park konnt ee Saache vu verschiddene Kënschtler bewonneren.

Och dëst Joer goufen erëm Iessen a Gedrénks verkaf an et konnten 2 Schecken iwwerreecht ginn an zwar 400 Euro fir de Fréisenger Kleederschaf an 1.000 Euro fir den Télévie.