Zanter 2011 hunn d'CHEM-Bikers vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch all Joer en Event organiséiert, deen zum Zil hat, d'Kriibsforschung ze ënnerstëtzen.

D'Editioun 2016 déi mär « CYCLING FOR HEALTH » gedeeft hunn, ass matt der Ënnerstëtzung vum Vëlosclub LC Kayl organiséiert ginn. Wéi schonn 2014 an 2015 steet och dëst Joer nieft dem klassesche Mastertour vun 300 Kilometer en Ultraparcous vun 350 Kilometer um Programm. Den Depart ass mueres um 5.30 Auer zu Téiteng an der Schungfabrik an d'Arrivée ass fir 20.00 Auer geplangt.

Esou wéi e kriibskranke Patient a seng Famill u seng kierperlech awer och psychesch Grenze bruecht gëtt, ass och de Master Tour ze verstoen : de Parcours féiert d'Cyclisten ronderëm d'ganzt Lëtzebuerger Land, an 12 Stonnen Vëlo iwwer 300 Kilometer fueren an dobäi iwwer 3500 Héichtemeter zeréckleeën bréngt eis un déi physesch an och psychesch Grenzen.

Ähnlech wéi bei der Kriibskrankheet ass esou eng Epreuve just mat staarker Ënnerstëtzung a Solidaritéit ze packen. A genau ënnert dësem Motto fueren ca. 100 Cyclisten zesummen déi 300 Kilometer a setzen domatt e kloert Zeechen : matt der néideger Ënnerstëtzung an der Solidaritéit vu Leit déi engem no stinn kann een och Situatiounen meeschteren déi a priori aussiichtslos sinn oder schéinen.

Jiddereen, deen den 9. Juli mat eis en Zeeche vu Solidaritéit setze wëll, ka sech um « CYCLING FOR HEALTH » zu Téiteng an der Schungfabrik bedeelegen.

D'Recetten vun eisem Event kommen integral der Recherche géint de Kriibs zegutt.