 |
De 24ten Abrëll 2010 ass groussen Télévie Dag, hei op RTL an iwwerall am Land. Déi 4 Télévie Zentren 2010 sinn: Iechternach, Stroossen, Réiden/Atert a Weiler-la-Tour. Hëlleft eis! Mam Télévie ënnerstëtze mir zesummen d'Recherche géint de Kriibs a speziell géint d'Leukämie bei de Kanner an den Erwuessenen.
D'Häerz vum Télévie ass d'Symbol vun ärer Generositéit an ärer Solidaritéit mat de Fuerscher. Männer a Fraen, déi Dag fir Dag géint de Kriibs kämpfen, fir kranke Kanner an Erwuessener eng Zukunft ze ginn.
Gitt der Hoffnung eng Chance. Maacht mat beim Télévie!
|