|
Virwat sollt Dir den Télévie ënnerstëtzen?
Den Télévie huet séch als Ziel gesat fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukämie bei de Kanner an den Erwuessenen virun ze bréngen. D’Haerz vum Télévie as d’Symbol vun Ärer Generositéit an Ärer Solidaritéit mat de Fuerscher an den Dokteren, Männer a Fraen, déi Dag fir Dag géint de Kriibs kämpfen, fir kranke Mënschen eng Zukunft ze ginn.
De Kriibs a speziell d’Leukämie si Krankheete vun deene vill ze vill Kanner an Erwuessener getraff sinn. Och wann d’Fuerschung an de leschte Joer vill Fortschrëtter gemaach huet, stierwen nach ëmmer d’Halschent vun de Patienten um Kriibs.
All Dag verléieren vill ze vill Famillen eng Persoun duerch de Kriibs, well d’Mécanismen vun där Krankheet nach net genuch bekannt sinn. Fir de Kriibs ze bekämpfen, muss d’Fuerschung aktiv vu jidderengem ënnerstëtzt ginn. Dofir ass den Télévie 1989 an der Belsch lancéiert gi vum Fonds National de la Recherche Scientifique zesumme matt RTL TVI.
Am Joer 2002 huet och Lëtzebuerg sech där grousser Actioun ugeschloss. Dausende vu Leit hunn séch dat lescht Joer och hei am Land fir den Télévie engagéiert a mir konnten di houfreg Somme vun ëmmerhin 1.219.767 Euro un d’Fuerschung weiderginn. Matt deene Suen ass äifreg hei zu Lëtzebuerg geschafft ginn a mir konnten och di international Fuerschung e Stéck weiderbréngen...matt Hëllef vum Télévie!
Et gëtt just eng Méiglechkeet fir de Kriibs ze bekämpfen : VERSTOEN.
Fir ze verstoen gëtt et just ee Wee : D’RECHERCHE.
Gitt der Hoffnung eng Chance. Maacht mat beim Télévie!
|