Huet d’Residenz vun de Kanner en Afloss am Beräich Ierfschaft, a wa jo wéi een? D'Affekotin Nathalie Frisch mat engem kuerzen Iwwerbléck vun der Situatioun wann e Kand an Däitschland wunnt.

1. Fro, et gëtt keen Testament, ginn dann all meng Kanner gläich behandelt?
Wann e Lëtzebuerger Resident stierft dee Kanner huet an et keen Testament gëtt, da gesäit d’Lëtzebuerger Gesetz vir, datt all Kand e gläichen Deel vun där Ierfschaft kritt. Dat heescht awer net datt all Kand ënnert dem Stréch dat selwecht erauszitt.

2. Wisou kann et dann do zu Ënnerscheeder kommen?
Hei zu Lëtzebuerg bezuele Kanner keng Ierfschaftssteier, wann se vun den Elteren dat ierwen wat d’Gesetz virgesäit. Wann awer en Deel vun de Kanner net hei am Land wunnen, dann kann et sinn, datt jee nodeem a wéi engem Land se wunnen se wéinst hirer Residence Ierfschaftssteier an deem Land bezuelen.

3. Dat heescht wann ech zu Lëtzebuerg wunnen a mäi Kand an Däitschland, da bezilt mäi Kand Ierfschaftssteier an Däitschland?
Genee, Däitschland consideréiert e Resident an Däitschland als « Steier-Inländer », onbeschränkt steierflichteg a besteiert en dann op allem wat en ierft, egal wou d’Objete sech befannen. Et ass een och net nëmme Steier-Inländer wann een Vollzäitresident ass, Däitschland geet et duer wann een e Wunnsëtz am Land huet, jee nodeem wéi souguer wann een zum Beispill nëmmen eng Wunneng do gelount huet an nëmme punktuell do ass. Et gëllt also hei immens virsiichteg ze sinn.

4. A wann een net als Steier-Inländer ugesinn gëtt an awer eng Immobilie an Däitschland huet ?
An deem Fall gesäit den Däitsche Fisc een als nëmme “beschränkt steierflichteg” un an da bezilt een “nëmmen” Ierfschaftssteier op der Immobilie an Däitschland.

5. Muss een dann Ierfschaftssteier um Gesamtwäert vun deem wat een ierft bezuelen?
Wann een beschränkt steierflichteg ass huet ee just e Fräibetrag vun 2.000.- Euro zegutt: da ginn nëmme verschidden Objeten, déi an Däitschland si besteiert (zum Beispill Immobilien, Gesellschaften…).

Wann e Kand onbeschränkt steierflichteg ass, dann huet et e Fräibetrag vun 400.000.- Euro zegutt mä gëtt awer op alles wat en ierft besteiert.

6. A wann et dann elo net e Kand ass, wat ierft mä eng Persoun déi och hei am Land Ierfschaftssteier bezilt?
An deem Fall ass et warscheinlech, datt een zwee Mol Ierfschaftssteieren bezilt: eemol zu Lëtzebuerg an eemol an Däitschland.

Et gëtt keen Accord tëscht Lëtzebuerg an Däitschland wat dat géif verhënneren, Däitschland huet esou Accorden am Beräich Ierfschaftssteier mat verschiddene Länner (Frankräich, USA, Dänemark, Griicheland, Schweden a Schwäiz), awer net mat Lëtzebuerg.

7. Dat heescht wann et keen esou en Accord gëtt, da bezilt den Ierwen d’Office zweemol Ierfschaftssteier ?
Wann et keen esou en Accord gëtt, da kann een nëmmen nach drop hoffen, datt dat eent oder anert Land eesäiteg Mesuren huet fir dat ze limitéieren. Lëtzebuerg zitt zum Beispill keng Ierfschaftssteier op Immobilien am Ausland.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu