Organisateur: VinsLux

Wou: Casino 2000 Mondorf

De Claude François, Wäinexpert a fréiere Journalist, schmaacht all Joer méi wéi dausend Lëtzebuerger Wäiner a Crémanten, an hie beschreift se a senger Smartphone-App VinsLux, déi gratis an den App Stores vun Apple (iPhone) a Google Play (Android) erofgeluede ka ginn.
All Joer selektionéiert hien eng Rei Wäiner a Crémanten, déi op engem super Dîner am Casino 2000 zerwéiert gi bei ee fantastesche Menü, dee vun der Equipe vum Restaurant Les Roses an dem Casino 2000 preparéiert gëtt.

De Menü mat alle Wäiner, Mineralwaasser a Kaffi kascht ca. 130 Euro TTC (de Präis gëtt Ufank Dezember genee festgesat). All d’Wäiner ginn am Laf vum Dîner vun deene jeeweilege Wënzer presentéiert.

Den Owend steet och am Zeeche vun Télévie an am Laf vum Owend ginn Selektioune vu rare Lëtzebuerger Wäi-Spezialitéite versteet.

Reservéiert Är Plazen vum 6. Dezember 2017 un, am Online Shop vu prima.lu: www.prima.lu/shop. Maacht Iech bäi, d’Plaze gi séier fort!

Den Owend vum Dîner steet och eng Navette vum emile.lu zu Ärer Dispositioun, déi Iech heem siche kënnt an nom Iessen och nees sécher heem bréngt.

Den Hotel vum Casino 2OOO bitt och Zëmmeren zu reduzéiertem Präis un.
All néideg Informatioune kritt Dir vu VinsLux geschéckt, nodeems Dir Är Plaze reservéiert hutt.

https://