Organisateur: D.T. Hueschtert/ Folscht & Folschter Fussball

Wou: Fussballsterrain Folscht 18h00

Fussballmätch matt Prominenter.

D'Gemeng Rammerech ass dëst Joer een vun deenen 5 Télévie-Zenteren zu Lëtzebuerg.

Wéi dir wësst, huet den Télévie sech als Ziel gesat, fir d'Recherche géint den Kriibs a speziell d’Leukemie bei de Kanner an den Erwuessenen virun ze bréngen.

Duerfir organiséiert den Folschter Fussball an den D.T. Hueschtert/Folscht een Promi-Fussballmätch den 2. Abrëll 2018 (Ouschterméindeg) um 18.00 Auer um Terrain zu Folscht.

Mir wieren natierlech frou, wann dir als Spiller, Trainer oder an enger anerer Funktioun bei dësem Event derbäi kéint sinn.

Mëllt Iech w.e.g. un oder of um 621 241 221 oder op erny.decker@football.lu.

Mir zielen op är Präsenz sou, dass mir all zesummen hëllefen dat Ziel ze erreechen, dat Télévie sech gesat huet.

Christian Semeraro Guy Closener
Präsident U.S. Folschette Präsident D.T. Hueschtert/Folscht

https://