Organisateur: Uespelter Reitfrënn

Wou: Aspelt

"Mir reiden fir den Télévie" oder och " mir fueren Vëlo" oder "mir trëppelen (d'Muppen sinn natierlech och Wëllkomm).
Deen Dag steet bei eis ënnert dem Motto: "Sport". Jiddereen kann bei eis säin Sport maachen, oder einfach ee flotten Dag mat der Famill verbréngen, an an engems den Télévie ënnerstëtzen,
All Sportaart huet säin eegenen Tour, an wann et engem ze wäit ass, dann dréint een einfach em!
Fir d'Kanner hunn mir och Ponyreiden, an d'ganz Famill kann een Tour mat der Päerdskutsch duerch eis schéin Géigend maachen.
Um 10h30 ass eng Mass um Haff, an een Concert fir d'Museksfrënn.
Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuecht.
Den Erléis vum ganzen Dag ass fir Télévie!

https://