Organisateur: Vollekslaf Walfer asbl
Wou: virum Centre Sportif Prince Henri zu Walfer
Am Kader vum Télévie 2018, Centre de Promesses Walfer, invitéiert d'asbl Vollekslaf Walfer op säin Muergeslaf fir Leefer a Walker.
Parcours ouni Chronometrage vu 5,6 km duerch dat schéint Uelzechtdall.
Start:
Fräi, tëschent 8:00 an 10:00 an Warm-up vun 7:30 un.
Präis:
10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir Jonker ënner 18 Joer
Inscriptioun:
Den Dag vun der Manifestatioun am Centre Culturel Prince Henri.
Duschen a Vestiairen an der Sportshal.
E Kaffi/ Croissant gëtt vun der Lokalsektioun vun der Croix-Rouge un all Walker oder Leefer servéiert, déi ee Bon de Participatioun hunn.
De Gesamterléis geet un den Télévie 2018 fir d'Recherche géint de Kriibs an besonnesch géint Leukemie.