Organisateur: D'Theaterfrënn '93

Wou: Gonnereng am Festsall

Den Charel an den Tristan, zwee ganz ënnerschiddlech Männer an de beschte Joren, vun hire Frae verstouss, fannen sech noutgedrongen an enger Wunngemeinschaft erëm.An hirem neien Domizil treffen si op d'Berta dat am Haus mat fester Hand regéiert an dirigéiert. Sai Mann an säi Meedchen hunn do net méi vill ze mellen. Just den Charel an den Tristan genéissen hei méi Fräiheet.

Déi zwee kéinten hirt neit Liewe genéissen, wieren do net déi zwou zukünfteg Ex-Fraen mat hirer Affekotin, déi am Rousekrich schwéiere Geschützter opfueren.Ouni et ze mierken entwéckelen déi Zwee scho laang verluer gegleefte Selbstännegkeet an een enormen Wëllen fir ze iwwerliewen a ginn zu Liewenskënschtler déi d’Liewen vun alle Bedeelegten erëm an déi richteg Bunne leeden.

Ewéi ëmmer ënner dem Motto:
Wien hei net laacht, ass selwer schold

https://