Organisateur: VinsLux

Wou: Casino 2000 - Mondorf

De Claude François, Wäinexpert a fréiere Journalist, schmaacht all Joer bei de Lëtzebuerger Wënzer honnerte vu Wäiner a Crémanten, an hie beschreift se a senger Smartphone-App VinsLux, déi gratis an den App Stores vun Apple (iPhone) a Google Play (Android) erofgeluede ka ginn.
All Joer selektionéiert hien eng Rei Wäiner a Crémanten, déi op engem super Dîner am Casino 2000 zerwéiert gi bei engem fantastesche Menü, dee vun der Equipe vum Restaurant Les Roses an dem Casino 2000 preparéiert gëtt.
De Menü mat alle Wäiner, Mineralwaasser a Kaffi kascht ca. 139 Euro TTC. All d’Wäiner ginn am Laf vum Dîner vun deene jeeweilege Wënzer presentéiert.
Den Owend steet och am Zeeche vun Télévie an am Laf vum Owend gi rar Lëtzebuerger Wäi-Spezialitéite versteet.
Reservéiert Är Plazen elo direkt, mat engem Mail u vinslux@pt.lu, an deem dir ugitt, wéivill Plazen dir wëllt reservéieren. VinsLux schéckt dann all Informatioune per Email.
Fir den Dîner steet och eng Navette vum emile.lu zu Ärer Dispositioun, déi Iech heem siche kënnt an nom Iessen och nees sécher heem bréngt.
An den Hotel vum Casino 2OOO bitt och Zëmmeren zu reduzéiertem Präis un.
All néideg Informatioune kritt Dir vu VinsLux geschéckt, nodeems Dir Är Plaze reservéiert hutt.
De Menü fannt dir op der Facebooksäit vu VinsLux.

http://www.vinslux.lu