Organisateur: ACTIONS FOR LIFE PROJETS LARRY STEFFEN ASBL ODER AKTIOUNEN FIR

Wou: Am Hesper Park hannert dem Gebei CELO

Sonndes den 24. Mäerz organiséiert d'asbl " Actions for life projects Larry Steffen" säin
"7 Envol de Ballons zu Gonschten vum Télévie am Park zu Hesper hanner dem neien Gebai vun der Gemeng Celo.
Eng grouss Hëllef dëst Joer ass erëm den Jugendtreff Hesper deen voller Energie eis helleft .
5 Euro den Ballon mat engem perséinlechen Message wou een un een Kand oder un eng Persoun denkt déi am Moment géint den Kriibs kämpft oder un e léiwen Mënsch deen mir verluer hunn.
Den ganzen Weekend-end vum 23. an 24. Mäerz ass Konscht an Hobby am Gebai Celo vun 14 bis 18 Auer wou mer och een Stand hnun an Ballonen verkafen an och Gadgeten vum Télévie.
Sonndes um 16 Auer ass den Envol de Ballons an Präsenz vun der Coordinatrice vum Télévie Diane Wunsch den Responsabelen vun der Gemeng, vun den Leit an vun der Grupp Generation Gospell dei während dem Envol hirt Lidd Ensemble sangen.
Dir kennt ären Ballon och elo schonn reservéieren um 26352535 oder ob den Konto vun der asbl iwwerweisen an derbäi schreift fir wien dësen Ballon geduecht ass. BIL IBAN LU55 0029 2100 2733 6700 - Actions for life projects Larry Steffen.
Kommt Sonndes laanscht an sidd derbäi fir dësen emouvanten Moment um 16 Auer.

https://www.actionsforlife.org