Organisateur: Pompjeesfrënn Kiischpelt
Wou: Pompjeesbau Enscherange
Am Kader vum Télévie organiséieren d‘Pompjeesfrenn den 23. Mäerz 2019 vun 19.30 Auer un
Gutt Mäifelcher zu Äischer am Pompjeesbau
E puer Wuert iwwert de Menü:
• Als Appetit- a Stëmmungsmëcher engt Glas Schampes
• Fir unzefänken eng gutt Brittzopp
• Den Haapt-Plat:
Vum Orloff-Kallefsréck, e gutt gehäerzte Stéck mat Äischer Grëmpercher, schéi ronn gedréint a Gréngs wat jiddereen verdréit
• Fir Dessert, engt gutt Stéck Äppel-, Streiseltaart
• Bei enger Taass Kaffi echt Lëtzebuerger Wäffelcher
Kommt mat eis schmaachen a reservéiert bis den 18. Mäerz um Tel. 691929806 (Marcel Kayser) oder 691920609 (Marc Lucas)
Fir di nei Kommunikatioun: jean-marie.boumans@education.lu
Fir dësen Owend iwwerweist w.e.g. 30 € op de Kont vun de Sapeurs Pompiers Enscherange LU81 0019 4355 7339 0000
Fir Kanner bis 12 Joer ass de Menü gratis.
Den Erléis vum Owend kënnt integral dem Télévie ze gutt!