Organisateur: Den Club des Jeunes Christnach

Wou: Waldbëlleg

Den Club des Jeunes Christnach invitéiert Ierch häerzlech en Dag zu Waldbëlleg ze
verbréngen, an zwar Samschdes, dën 4. Abrëll 2020
Indiaca-Tournoi : ab 11 Auer Training ab 13 Auer Tournoi
Matmaache kascht 10 Euro pro Persoun (Equipe min. 5 Persounen), do ass awer och
d’Entrée fir de Bal mat abegraff. Wann dir Iech fir eisen Tournoi umelle wëllt, da
schreift einfach eng E-Mail op cdj.christnach@gmail.com.
Bei Umeldung an Iwwerweisung bis spéitstens den 27. Mäerz 2020 kascht et 8 Euro
pro Persoun.
Dir kënnt och einfach esou kommen, mee dann ass keng Garantie fir matzespillen.
Umeldung ass nëmmen bis 12 Auer.
Knëppelbal : ab 22 Auer
Virverkaf : 5 Euro an Oweskees : 8 Euro
Mir freeën eis schonn op äert Matmaachen. A wann net, gesi mir eis um Knëppelbal
wou richteg gefeiert an « geknëppelt » gëtt.
En Deel vum Erléis geet un den Télévie.

https://