Organisateur: Veräiner vo Brotebaach

Wou: Am Eisléck

Baurefest um Tour fir den Télévie
Samsdes den 24.04.2021 - Tour mat den Oldtimer Traktoren duerch Dierfer ënner den Covid Mesuren.
Startgeld 30.- € pro Traktor
Opstellung ab 13:00 zu Brotebaach
Départ em 13:30

Den Tour geet duerch:
Brotebaach, Déierbich, Uewerwampich, Allerbuer, Hannerhasselt, Tratten, Houfelt, Helzen, Weiler, Biwisch, Arrivée zu Ëlwen (Troisvierges ) wou dann och eng Gruppefoto gemaach gëtt.

Matfueren kann nëmmen deen, deen sech um 621747453 /621572749 oder per Mail: verainervobrotebaach@gmail.com ugemellt huet, an Startgeld vun 30.- € ob den Konto LU03 0019 5655 6125 5000 bei der BCEE iwwerwisen huet mam Vermierk „Traktortour Télévie“ bis den 19.04.2021.

Traktoren mussen dem Strosseverkéier zou gelooss an richteg verséchert sënn, an duerfen keng Ueleg oder soss Flecken hannerloossen.

Covid-19-Reegelen:
Jiddereen muss um Traktorsetzen bleiwen. Fir Verpfleegung ass jiddereen selwer zoustänneg. Mask undoen.
Den ganzen Erléis geet un den Télévie Ëlwen.
Veräiner vo Brotebaach soen Merci ... an
Save the Date: Baurefest 08.05.202

https://