Organisateur: Monnerecher Gärtner

Wou: Monnerecher Duerfplaaz

Gudden Owend Mme Wunsch
No eisem Telefonat de Freidenmoien schécken ech aerch hei ee klenge Resumé vun eiser YetiBar zu Monnerech.

De 4ten Dezember 2022 hued Gemeng Monnerech déi zwwet AprèsSki Party op der Duerfplaz organiséiert mat 16 Chaleten wou d' Vereiner vun der Gemeng hiert Gedrénks an Iessen ugebueden hun, an eng Live Cover Band mam Numm "Firma Hollunder" fir Mega Stemmung gesuergt hun
Ee Chalet dovunner konnten maer Gàrtner vun der Gemeng Monnerech benotzen. Virum Fest hu mer décidéiert, daat Joer dee kompletten Erléis vun deem Dag un den Telévie zespenden. Maer hun waarm Cocktailer verkaaf wéi z.b. De Malibu Viz oder de Waarmen Apérol. Als Yeti an Rudolf verkleed hu maer d"Leit zum danzen animéiert an fir eng wonnerbar AprèsSki Stemmung gesuergt.
Eis Cocktailer waren bei de Leit zimlech gutt ukomm an dofir konnten mer aerch dei flott d"Somm vun 1000 Euro iwwerweisen.
D" Gemeng Monnerech wärd och dest Joer am Dezember eng Après Ski organiséiren déi genau Datumer sin awer nach net raus. D"Equipe vun de Monnerecher Gärtner wärd sech awer och do rem fir den Telévie asetzen.

https://www.mondercange.lu/agenda