Organisateur: Guide VinsLux
Wou: Domaine Thermal Mondorf, Orangerie
Ee groussaartegen Dîner ab 19h15 Auer mat 6 Gäng an 10 ausgesichte Lëtzebuerger Wäiner a Cremanten (145 €). Vill Gäscht, vill Emotioun a vill Spaass, bei engem super Iessen! Dir kënnt och eng Navette vun emile.lu buchen, mat der dir doheem ofgeholl an owes sécher zréck bruecht gitt. Et sinn nach Plazen ze kréien, iwwer de Site vinslux.lu (am Online Shop kënnt dir är Plaze séier reservéieren, bezuelt gëtt méi spéit). Organiséiert gëtt deen Owend vun der Equipe vum präisgekréinte Wäiguide VinsLux zesumme mam Domaine Thermal, den Erléis ass fir Télévie. Um Owend ginn och rar Lëtzebuerger Wäiner versteet an en Originalbild vum Kënschtler Robert Brandy, deen och um Owend deelhëlt.