televie-logo
10.04
Kanner hëllefen fir den Télévie
Organizer: Kanner vum Cycle 3.2 : Leo, Charel, Yannick, Noah, Laure an Nina
Wou: Altwies, 13 rte de Filsdorf
Nodeems e Grupp vu 6 Kanner am Pausenhaff ugefaangen huet, Suen fir den Télévie ze sammelen, hu mir – als Mammen – decidéiert, si dobäi ze ënnerstëtzen. Zesumme mat de Kanner organiséiere mir eng Kuch- a Kaffisaktioun, fir hir Keess nach e bëssen ze fëllen. All Kand baakt moies ee Kuch, Muffins oder Cupcakes, déi dann ab 16:00 Auer verkaaft ginn. Ausserdeem wäerten d’Kanner probéieren, och wärend der Paus Kuch ze verkafen. Mir freeën eis op är Ënnerstëtzung!