Op hirem 37. Secondhand am Festsall an der Gemeng zu Réiser huet d'Equipe vum Réiser Fraentreff Fréijoer-a Summerkleeder fir Kanner vun 0-16 Joer, a bal alles wat de Puppelche brauch fir e gudde Start an d’ Liewen, verkaf.

Beim Verkaf vun de Saache goufen 3.000 Euro gesammelt a fir den Télévie gespent.