En Donneschden den Owend hat de Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng ganz häerzlech all Kënschtler, déi bei der Konscht Ausstellung zu Gonschten vun der Aktioun Télévie matgemaach haten, op déi offiziell Scheckiwwerreechung invitéiert.

D'Kënschtler haten am ganze schonn 3.865 Euro zesummen kritt an d'Gemeng Schëffleng huet nach en Scheck vun 5.000 Euro drop geluecht an un Coordinatrice vum Télévie, Diane Wunsch iwwerreecht.