Mat der Lëtzebuerger Wäin-App VinsLux kann een elo 3 ganz rar Wäifläsche gewannen, an dobäi den RTL Télévie ënnerstëtzen!

Bis de Sonnden 11. Februar verloust VinsLux eng Fläsch Riesling Spéitlies vun 2010, ee Gewürztraminer Stréiwäin vun 2008 an ee Riesling Äiswäin vun 2004.

Dës Wäiner ware schonn immens rar wéi se produzéiert goufen, an haut fënnt ee se praktesch iwwerhaapt net méi! Awer si sinn nach ganz gutt, well esou Wäiner kënne ganz al ginn, a si goufe gutt versuergt.

D'App VinsLux gëtt iech deemno elo d’Méiglechkeet iwwer ee Concours, ee vun deenen exzeptionelle Wäiner ze gewannen. Dir braucht just d'Smartphone-App  opzemaachen a beim Concours matzemaachen.

D'App kritt een am App Store an um Google Play. D'App ass komplett gratis an an 3 Sproochen.

Fir déi éischt 300 Participatiounen iwwerweist VinsLux dem Télévie jeeweils 1 Euro. Mam Télévie gëtt d'Recherche géint de Kriibs ënnerstëtzt.