Emotional an onverkennbar – dat beschreift am Beschten déi nei Titelmelodie vum Télévie "Fir Dech Do – There For You", déi vum Lëtzebuerger Pianist David Ianni komponéiert gouf a vun der Chorale "Muselfénkelcher" an dem "Télévie-Quartett" (Ryoko Yano, Andrii Chugai, Ilan Schneider an Anik Schwall) opgeholl ginn ass.

Fir dech Do

Um Télévie-Album sinn zousätzlech Stécker mat ënnert anerem der verstuerwener Cellistin Lisa Berg hirem bekannten Titel "Hope", dee vum David mat enger neier Pianosbegleedung als posthumen Duett agespillt gouf.

De Präis vun der CD ass 15 Euro, déi integral un d'Recherche géint de Kriibs ginn.

D'Bestellung vun der CD geet iwwert e Virement un d'Fondation Kiwanis Lëtzebuerg, CCPL LU88 1111 1970 0090 0000, Communication : "CD Télévie".

Elo bestellen