Bedéngt duerch déi aktuell Situatioun wäert et dëst Joer eng aussergewéinlech Editioun vum Télévie ginn. Kee Publik a limitéiert Gäscht am Studio an trotz alle Contraintë wäert et net un Asaz an Emotioune feelen.

D'Populatioun, d'Benevollen, d'Associatiounen, d'Firmen an déi fënnef Centres de promesses (Ëlwen, Iechternach, Stroossen, Suessem an de Centre de promesses permanent Rodange) hunn sech fir de gudden Zweck mobiliséiert. Wéi si sech all organiséiert hunn a wat si ënnerholl hunn, gëtt een dëse Weekend op RTL gewuer.

Programm vum groussen Télévie-Dag


Freides 18. September

Um Virowend vum groussen Télévie-Dag, gëtt de Compteur Freides Owes um 19:00 Auer a Präsens vum Nathalie Frisch (Fondatioun Kiwanis) an dem Diane Wunsch (Coordinatrice vum Télévie) am Live Planet People lancéiert. Den DJ Nosi (Eric Nosbusch), dee leider och géint de Kriibs kämpfe muss, wäert per Video-Konferenz zougeschalt ginn. Zäitgläich an dat bis 21:00 Auer sinn d'Telefonsleitungen (8002 66 66) op fir en Don ze maachen.

Samschdes 19. September

Samschdes Moies geet et schonns um 07:15 Auer um Radio lass. All Stonn wäerte perséinlech Messagen an och Reportagen iwwert Aktiounen, déi Leit a Firmen ënnerholl hunn fir den Télévie ze ënnerstëtzen, op Antenn sinn. D'Telefonsleitunge (8002 66 66) fir d'Spende sinn och vu 07:15 bis 22:30 Auer op.

Um 19:00 Auer start de Spendemarathon dann op der Tëlee. Presentéiert gëtt déi grouss Ofschloss-Emissioun vum Caroline Mart an Olivier Catani. Bedéngt duerch déi aktuell Situatioun, sinn d'Invitéeën am Studio limitéiert. Just dräi Doktere wäerten niewent dem Diane Wunsch (Coordinatrice vum Télévie) an dem Nathalie Frisch vun der Fondatioun Kiwanis am Tëlee-Studio präsent sinn. Deemno goufen och all d'Reportagen am Virfeld an am Respekt vun de sanitäre Mesuren opgeholl. Just déi eenzel Zentre wäerte live an d'Emissioun erageschalt gi wou si iwwert hir speziell Aktioune wäerten temoignéieren.

Télévie, gitt der Hoffnung eng Chance

2019 gouf duerch Är Generositéit d'Rekord-Zomm vun 2.005.842 Euro gesammelt fir d'Kriibsfuerschung ze ënnerstëtzen. Dofir soe mir Iech villmools Merci! D'Zil vum Télévie ass a war et ni all Joers de Rekord ze briechen, mä esou vill wéi méiglech Leit op dës grausam Krankheet opmierksam ze maachen.

Zemools an dëse schwéieren Zäiten, wou d'Gesondheet un éischter Stell steet, ass et wichteg un all déi Leit ze denken déi krank sinn. Dofir gitt der Hoffnung eng Chance an hëlleft mat d'Kriibsfuerschung weiderzebréngen.

Vum 18. September um 19:00 Auer un ass d'Télévie-Hotline um 8002 66 66 op fir Ären Don entgéintzehuelen. D'ganzt Joer iwwer kënnt Dir och iwwert den Télévie-Site spenden.