Grad wéi am Joër 2007 bedeelegen d'Pompjeeën aus der Gemeng Wëntger sech am Télévie 2017.

Dofir organiséiere mer an verschiddenen Dierfer vun der Gemeng Wëntger Virféierungen an Coursen.
Géint eng Participatioun vu 5 Euro zu Gonschte vum Télévie kënnen Leit an enger Formatioun iwwert d’Verhënneren an d’Läsche vu Bränn mat Feierläscher deelhuelen.
Bei dëser Geleeënheet ginn och Defibrillatoren (AED) erkläert an demonstréiert.
Et besteet och d'Méiglechkeet Feierläscher, Dampmelder, Éischt-Hëllefkëschten ze bestellen.

Och do gi Prozenter fir den Télévie gespent

Eng Kontroll vu Feierläscher ass virgesinn, dofir kannt der Är Feierläscher den 3. Abrëll am Pompjeesbau ofginn an den 5. Abrëll erëm siche kommen.

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.