Radio Péiteng On Air: Benefiz-Iesse fir den Télévie (6.11.18)
Radio Péiteng On Air hat en Dënschdeg en Télévie- BENEFIZ–Dîner organiséiert an dëst am Kader vum Lancement vum Centre de Promesses Permanent Rodange fir d'Editioun 2019 anzelauden.
Am flotte Kader vum Restaurant Wax zu Péiteng gouf e 5-Gang-Menü zoubereet vun de Käch Fränk Manes a Guy Kohnen. Mat e sëlleche Benevolle vum Radio Péiteng, dem Télévie-Zenter Rodange, de Zumba Chicas an dem Käpt'n Änder war dësen Owend e Succès op der ganzer Linn. Sold-out huet et dëst Joer geheescht an de Sall war mat 85 Leit strubbelvoll, dat mat Invitéë vu Gemeng a Politik a gudde Frënn.