Um Virowend vum Télévie-Dag 2016, e Freideg 22. Abrëll., war schonn eng grouss Télévie-Party am Zelt beim Fussballsterrain zu Rodange. Mat derbäi: d'Jenny mat senger Flamenco-Show an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria a Susana ... alt nees eng sensationell Stëmmung fir de gudden Zweck!