Organisateur: Fir ee gudden Zweck Gemeng Péiteng

Wou: zu Péiteng am Festsall vum Home

Och dëst Joer organiséiere mir erëm eisen traditionellen Hierkenowend zu Péiteng am Home.
Den Erléiss vum Owend kënnt selbstverständlech integral dem Télévie ze gutt!
Reservéiert Iech also de 7. Februar a kommt dem Roland BREYER seng Hierke schmaachen. E gutt Stéck Taart an eng Taass Kaffi sinn am Präis vun 17 Euro mat drann.
Fir déi Leit déi net frou mam Fësch sinn proposéiere mir Iech Gromperenzalot mat Wirschtercher, Taart a Kaffi zum Präis vu 14 Euro.
Wichteg: Wann Dir dësen Owend keng Zäit hutt an Dir an der Péitenger Gemeng wunnt da kënn Dir d'Hierke bestellen a mir bréngen Iech se Heem.
All Reservatioune w.e.g. beim Josette Conzemius um Telefon: 691 785 050.
Villmools Merci am Viraus!

https://www.facebook.com/events/889486231216170/