Organisateur: LTMA

Wou: Um Site vum Lycée Technique Mathias Adam

No enger 1. Editioun am Joer 2017 gëtt de Chrëschtmaart vun der Péitenger Gemeng och dëst Joer erëm de 15. a 16. Dezember um Site vum Lycée technique Mathias Adam zu Lamadelaine organiséiert.

D’lokal Veräiner, d’Klassen aus dem Fondamentale, d’Geschäftsleit aus der Gemeng an d’Personal vum Lycée wäerte während dësen 2 Deeg dem Publik eng ganz Palett u Spezialitéiten op hiren Iess- a Gedrénksstänn ubidden. Donieft ginn awer och nach flott Chrëschtkaddoen verkaf an e gutt gefëllten Animatiounsprogramm mat lokale Kënschtler wäert d’Visiteuren sécher bei Laun halen.

Nieft dem grousse gratis Parking ass de Site och ganz gutt iwwer den ëffentleche Transport oder zu Fouss ze erreechen.

De Chrëschtmaart gëtt fir de gudden Zweck organiséiert an den Erléis gëtt integral un den Télévie gespent.

https://www.facebook.com/events/347824909111077/