AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1) Wéi geet dat wann ee stierft, wéi ginn d ‘Ierwen eigentlech gewuer wat se ierwen ?

Déi méi « einfach » Fäll, op mannst wat d ‘Wëssen vun deem wat een ierft betrefft, sinn déi Fäll wou d ‘Kanner alles ierwen, an wou keen Testament do ass : um Niveau vun der Déclaration de Succession ass dat den einfachsten Fall, well do mussen nëmmen d ‘Immobilien dran opgezielt ginn, an do muss een och keen Wäert dovun uginn, well an deem Fall keng Ierfschaftssteier ze bezuelen ass.

Oft ass et dann esou datt d ‘Kanner wëssen oder relativ einfach erausfannen, wann se an dem Verstuerwenen sengen Dokumenter kucken, wat do ass. D ‘Immobilien ginn vum Notaire um Kadaster ugefrot.

Wann awer elo d ‘Ierwen net wëssen wat do ass, dann kann et méi komplizéiert ginn.

2) Ass et dann net um Notaire fir dat nozesichen ?

Neen, et ass un den Ierwen fir dem Notaire ze soen wat do ass, an wat also muss an d’Ierfschaftserklärung kommen. Den Notaire kann dann d ‘Banken uschreiwen fir en Extrait op den Datum vum Dout vun der verstuerwener Persoun ze kréien, e kann de Kadaster uschreiwen, eventuelle och nach d’SNCT fir nozefroen wat un Autoen ugemellt waren, mä fir de Rescht ass et un den Ierwen fir d ‘Démarchen ze maachen.

Dat ass natierlech net ëmmer einfach, zemol net wann och nach Besetz am Ausland ass. Hei zu Lëtzebuerg ass et esou datt Immobilien déi am Ausland sinn net an d ‘lëtzebuerger Ierschaftserklärung drastoen kommen, well déi am Ausland mussen iwwerschriwwen ginn, an och do Ierfschaftssteier muss bezuelt ginn. Mä alles wat keng Immobilien sinn muss awer zu Lëtzebuerg an d’Ierfschaftserklärung kommen – wat awer net onbedengt heescht datt se net och nach mussen an deem Land deklaréiert ginn wou se effektiv sinn.

3) An wann een mol net weess datt en Ierwen ass ?

Meeschtens gëtt et ëmmer eng Persoun déi en Notaire beoptraagt fir eng Ierfschaftserklärung ze maachen. Wann den Notaire deen Optrag kritt, an en huet en Stierf schäin, dann freet en um Registre des dispositions des dernières volontés no op en Testament enzwousch läit. Wann en Testament fonnt gëtt an wann dann do Leit opgezielt ginn déi eppes sollen ierwen, dann kontaktéiert den Notaire déi Persounen.

Wann den Enregistrement weess datt een Ierwen ass, dann kritt een och vun do e Bréif wou een opgefuerdert gëtt innerhalb vun 6 Méint nom Dout déi Déclaration de succession eranzereechen.

4) An wéi gëtt dann d’Ierschaftssteier berechent ?

D’Ierfschaftsstier get berechent op Basis vun deem waat an der Ierfschaftserklärung (déclaration de succession) drasteet : alles wat deen Verstuerwenen u Wäertsaachen hat muss do ugi ginn, an et muss och en Wäert dobäi gesat ginn. Den Totalen Wäert, minus d ‘Schold, ass dann dee Betrag deen den Enregistrement als Basis hellt fir d’Ierfschaftsteier.

5) Heescht dat et kann een do egal wéien Montant uginn ?

Neen, et soll schonn e reellen Präis sinn. Wann den Enregistrement mengt et géif een probéieren se ze beducksen, dann kennen sie de Präis upassen.

6) A wéi soll een dee Präis dann festleeën ?

Bei verschiddenen Saachen ass et einfach : bei de Konten gëtt gekuckt wéivill um Dag vum Dout dropstoung ; beim Gold ass et de Goldwärt vum Dag vum Dout, bei kotéiert Aktien d’Valeur um Doudesdag déi ee muss kucken, an dat kann d’Bank engem relativ einfach soen.

Bei aneren Objets ass et méi schwiereg, zum Beispill bei Parts an enger Gesellschaft, Immobilien, Autoen, Biller, Bijouen, Miwwelen, etc

Entweder d ‘Ierwen hunn eng realistesch Aschätzung, an virun allem, sinn sech eens wéien Montant se wëllen uginn, oder et freet een en Expert fir ee Wäert ze kréien : en Comptabel oder e Réviseur wann et em Parts geet, en Agent immobilier oder Expert immobilier wann et sech em Immobilien handelt, e Konscht Kenner, e Bijoutier, an su weider. Do ass et natierlech wichteg datt een deemjéinegen erkläert datt et drëm geet e realisteschen Wäert ze kréien, net deen mat deem een am Fall vum Verkaf géif ufänken.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu