Organisateur: Tennis Club Jonglënster, Dëschtennis Lënster, D&a

Wou: Centre Sportif

De Sonden 10. Februar 2019 organiséieren den Tennis Club Jonglënster, den Dëschtennis Lënster, den Dëschtennis Buerglënster an de Badminton Club Jonglënster ee Racketlon Tournoi. Gespillt gëtt een Tournoi an den 3 Disziplinnen : Dëschtennis, Badminton an Tennis.
Et geet lass moies um 8.30h, d’Finalen sinn am spéiden Nomëtten.
D’Buvette ass de ganzen Dag op an iwwer Mëtteg gëtt et eppes Guddes z’iessen.
Den Erléis ass komplett fir den Télévie.

Fir Iech anzeschreiwen, mellt iech un op gillesbonert@gmail.com an gitt w.e.g. un ob Dir eng Lizenz an enger vun den 3 Sportaarten hutt. Iwwerweist dann 20 Euro op de Konto LU35 0019 5155 9271 4000 vum BC Jonglënster mat dem Vermierk „Racketlon + Numm + Virnumm“. Mindestalter fir matzemaachen sinn 16 Joer.

Maacht Iech bäi, well d’Platze si limitéiert. Déi éischt sinn fir.

http://download.rtl.lu/2018/11/13/13be25e5f18fb1832a9b2e8f58cd54ce.jpg