Firwat sollt Dir den Télévie ënnerstëtzen?

Bei eis am Land sinn et nämlech jäerlech méi ewéi 3.000 Erwuessener a Kanner, déi mat der Diagnose Kriibs konfrontéiert ginn. Eng Persoun vun 4 stierft u Kriibs. Kriibs kann am Laf vum Liewe jiddereen treffen. Déi meescht Patiente kënnen duerch en chirurgeschen Agrëff geheelt ginn, mee et bleift awer leider nach e groussen Deel bei deenen dat net duergeet an d’Krankheet muss mat Bestralungen, Chemotherapie, Hormontherapie oder aner méi geziilte Methode behandelt ginn. Da gëtt et och nach en Deel, dee nach net heelbar ass, a bei deene mer leider nëmme kënnen hiert Liewe verlängeren.

Och wann d’Fuerschung hei zu Lëtzebuerg an och am Ausland an deene leschte Joere vill Fortschrëtter gemaach huet (3 vu 5 Kriibserkrankunge kënnen haut geheelt ginn), stierwen nach ëmmer ze vill Leit u Kriibs. All Dag verléiere vill Familljen hei zu Lëtzebuerg eng Persoun duerch Kriibs, well d’Mecanismë vun där Krankheet nach net erfuerscht sinn. Och ass net richteg bekannt, wéi dës Krankheet verhënnert ka ginn.

Fir de Kriibs nach besser ze bekämpfen, muss d’Fuerschung aktiv vu jidderengem ënnerstëtzt ginn.

De Sënn an Zweck vun der Télévie Luxembourg Asbl ass et, fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukemie virun ze bréngen. Dofir ass den Télévie 1989 an der Belsch lancéiert gi vum Fonds National de la Recherche Scientifique zesumme mat RTL TVI. Am Joer 2002 huet och Lëtzebuerg sech där grousser Aktioun ugeschloss an zanterhier hu Joer fir Joer dausende vu Leit ewéi Dir sech fir den Télévie engagéiert. Säit dem Joer 2002 bis 2019 inclus konnten hei zu Lëtzebuerg iwwer 23 Milliounen Euro an d’Kriibsfuerschung investéiert ginn.

E fantastesche Montant, deen nëmmen duerch Iech konnt zesummekommen, ob et duerch eng Manifestatioun, e Gebuertsdag, en Don war – dofir e ganz grousse MERCI.

Zu Lëtzebuerg huet d'Recherche ons an deene leschte Jore vill nei Waffe gi fir de Kriibs unzegräifen. Bei ville vun deenen Duerchbréch hunn d'Chercheure vum Télévie och hir Hänn am Spill gehat an ouni si wär et net méiglech gewiescht, dës Duerchbréch ze erreechen. Hei handelt et sech ëm Medikamenter, déi d'Tumeure ganz spezifesch op engem Gendefekt kënnen ugräifen oder déi den Immunsystem erëm capabel maachen d'Tumeuren ze erkennen. Bei verschiddene Patienten hu mer elo schonn extrem gutt Resultater erreecht, mee bei aneren net, a mir sinn elo am Gaang, och zu Lëtzebuerg, dorunner ze schaffe fir ze verstoe firwat et nach net bei jidderengem geet. Mee d'Hoffnung ass grouss mat Ärer Hëllef! MERCI.

D’Aktioun Télévie lieft duerch Ären onermiddlechen Asaz, an dofir si mir och fir d’ Editioun 2019 - 2020 op Iech ugewisen!

Zesumme géint de Kriibs! Hëlleft der Kriibsfuerschung!

D'Leukämie

Wat ass eng Leukämie?

D’Leukämieë si Kriibserkrankungen vum Muerch vun de Schanken, wou normalerweis d’Bluttkiirpercher produzéiert ginn.

Wat geschitt wann e Patient eng Leukämie huet?

Bei enger Leukämie gëtt d’Muerch vun de Schanken vun enger grousser Quantitéit vu Leukämieszellen erstéckt, déi vum Kiirper produzéiert an dann an d’Blutt eriwwer ginn. D’Muerch ka keng normal Bluttzelle méi produzéieren. Wann net genuch wäiss Bluttkierpercher am Kierper sinn, riskéiert de Patient schwéier Infektiounen ze kréien, bei ze wéineg roude Bluttkierpercher besteet de Risiko vun enger Anémie, an e Manktem u Bluttplaquettë kann déidlech Bluddungen ervirruffen.

Wat sinn d’Ursaachen vun enger Leukämie?

Ganz dacks fënnt een d’Ursaache vun enger Leukämie net eraus. A verschiddene Fäll kënnen Anomalien detectéiert ginn déi genetesch Ursaachen hunn , duerch e Virus provozéiert goufen oder awer wann d’Persoun mat verschiddene chemesche Substanzen, respektiv Strahlen a Kontakt war.
Den Télévie sol de Fuerscher an den Dokteren et erméigleche fir d’Ursaache an d’Mechanisme vun de Leukämien erauszefannen an iwwert dee Wee d’Traitementer ze verbesseren.