Organisateur: Lënster Lycée zesummen mam CK Sportcenter

Wou: CK Sportcenter Jonglënster

Um Groussen Télévie-Dag, 27.4., kann een Moies schonn ganz sportlech ufänken. Um 9h start en Charity Indoor Cycling Marathon, organiséiert vum Lënster Lycée an dem CK Sportcenter. Pro Stonn ginn 10 Euro un Télévie, et kann een maximal 4 Stonnen matspinnen ...Avis aux amateurs. Well d'Plazen limitéiert sinn, kann een sech elo schonn umellen beim CK um Tel 2678 0633. An duerno schnell bei den Centre Polyvalent Gaston Stein : do ass eng lass !!! A wann der no 4 Stonnen spinnen net méi kennt goen, kennt der iech eng Harley-Davidson bei eis ruffen fir iech ofhuelen ze kommen.

http://download.rtl.lu/2019/03/14/576d27fcf49c27d7e545e2368306b87f.jpg