Organisateur: Motoclub Kayldall asbl

Wou: Letzebuerg

Mir hunn lo laang un enger Léisung getüftelt, an an den nächsten Deeg wäerten mir méi Detailer bekannt ginn. Nodeems mir gewuer gi sinn dass duerch Corona bedéngt, d'Zentren fir den Publik zoubleiwen, hu mir eis fir folgenden Oflaf decidéiert:

En klasseschen Tour ze fueren an dëser Situatioun wier onverantwortlech an mir géifen warscheinlech net d'Autorisatioun kréien. Dofir organiséieren mir en virtuellen Tour an dat heescht:

Biker wou intresséiert sinn kennen 25€ op den MCK Kont LU27 0141 2447 5910 0000 bei der ING iwwerweisen, mam Vermierk Télévie Motostour, mat der kompletter Adress souwéi och Ärer Email Adress uginn weg (den @ einfach ausschreiwen - at - oder Tel.Nr. uginn.

Wann iwwerwisen ass, schécken mer en flotten MCK/Télévie Buff souwéi aner Gadgeten. Dobäi kennt dann nach de Croquis vun der Streck, déi dann individuell resp a klengen privaten Gruppen ka gefuer ginn. Et kann een aus all Eck vum Land an den Tour rafueren an och do ophalen wou ee well. Et gëtt keng Streck virgeschloen awer mir besetzen verschidden Punkten mat Kameraen resp Fotografen woubäi alles dann online gesat gëtt. Op dësen Punkten kennen awer och Froen gestallt ginn oder Doen gemaach ginn, falls mol een drënner ass wou net iwwerwisen huet.
D'Buffen kennen och separat kaf ginn fir 10€
Merci fir den Interessi an hoffen eis den 24 Abrëll ze gesinn.



https://www.motoclubkayldall lu