Organisateur: Organisatiounscomité Televie-Zenter Helperknapp
Wou: Tuntange / Koschteschbau
D’Gemeng Helperknapp freet sech iech matzedeelen datt si den 22. Abrëll 2023 ee vun den “Télévie Centres de Promesses” wäert sinn.
An deem Kontext, invitéieren mir iech ganz häerzlech op eng Sensibiliséierungs- an Informatiounskonferenz am Kader vum Télévie zum Thema: “Kriibsfuerschung a Bluttkrankheeten” (« Hématologie et Oncologie »).
• Wéini ? Mëttwoch, den 18. Januar 2023 um 19:00 Auer
• Wou ? Koschteschbau zu Tënten
• Invitéeën? Dr. Guy Berchem, Onkolog
Diane Wunsch, Coordinatrice Télévie
Plooschterprojet
Den Dr. Guy BERCHEM steet iech no der Konferenz Fro an Äntwert!
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt an den Entrée ass fräi..
Den Organisatiounscomité vum Télévie-Zenter-Helperknapp 2023.