Organisateur: Comité Alstad asbl

Wou: op der Éimaischen um Rouscht - hannert dem Palais

Fir déi dësjäreg Éimaischen an onser Alstad kënne mir Iech op ee Coup dräi schéi Péckvillercher ubidden: Do ass eemol onsen traditionelle Péckvillche CA an de Faarwen orange a blo. A fir dëst Joer proposéire mir Iech dann och ee spezielle Péckvillchen „Télévie“, dee mer natierlech zu Gonschte vun Télévie verkafen. De Péckvillchen CA an och den Télévie-Péckvillche kommen aus dem Atelier vun der Ligue HMC zu Capellen. An de „Péckvillchen Sandra“ gouf vun der Madame Sandra Pereira entworf, an och an hierem Atelier zu Useldeng produzéiert. Zum Péckvillchen Sandra däerf een net vergiessen ze soen, datt all Péckvillche vun Hand geformt gouf, esou dass net ee Péckvillche wéi deen aneren ass, an et gëtt en och a verschiddene Faarwen.

Bestelle kann een déi Péckvillercher beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen CA“ oder „Péckvillchen Sandra“ oder „Péckvillchen Télévie“

Ofhuele kann ee seng Bestellung Ouschterméindeg, den 1. Abrëll 2024 op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais) vun 09:00 Auer u bis 17:00 Auer. Wien awer net kann op d’Éimaische kommen, dee ka seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad ofhuelen, um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot) vum 2. Abrëll bis Freides, de 5. Abrëll 2024.

https://download.rtl.lu/2024/03/17/5e79393bd8bb4a299969b7f70c2af8fc.jpg