Organisateur: Organisatiouns Comité

Wou: Centre Culturel Cruchten

Den 29.03.2024 organiséiert den Organisatiounscomité vum Centre de Promesses Noumer zesumme mat de Mëllerdaller Produzenten en Gala-Dinner am Centre Culturel zu Kruuchten.
Et erwaart Iech:
-en leckeren Menu gekacht vum Ben Weber, mat lokalen a regionale Produkter vun de Mëllerdaller Produzenten, begleet vu lëtzebuergeschem Wäin
-Service vun diverse Buergermeeschteren aus der Regioun Mëllerdall
-Animatioun mam Fern Neumann um Saxophone a gutt Ambiance
Um Menu fir 75€:
***
en hausmaacher Cocktail vun Doheem
***
Eppes leckeres am Bliederdeeg an eng Rieslingspaschtéitchen fir unzefänken
***
Geessekéiscrème mat knackeger Zalot

***
Rendsbaaken mat Champigonen, Gromperentrips a verschiddent Geméis op Aart vum Ben Weber, verfeinert mat Knuewlécksschaum, Hamecrumble a Gaardekress
***
Joghurtsverrinen mat Schokelascrumble a Friichtecoulis

Reservatioun per Mail un televie@nommern.lu oder um 691 655 121 (Sophie Diderrich) AN e Virement mam Gesamtmontant vun ärer Reservatioun (75€ x d'Unzuel vun de Leit) mam Vermierk "Gala Dinner Numm+Virnumm" op LU94 0019 7455 9764 3000 (Fondation Kiwanis )
Mir fréen eis op Iech!!
Den Erléis vun desem Owend geet integral un d'Kriibsfuerschung vum Télévie!

https://download.rtl.lu/2024/03/25/3fecf2e984281b5ae471bfde448e3dfd.pdf