Organisateur: LëtzeBurger Foodtruck

Wou: LëtzeBurger Cactus Ettelbréck, 4 Pl. Marie-Adélaïde, 9063 Ettelbruck

De LëtzeBurger engagéiert sech fir de gudden Zwéck als Partner vum Télévie. Bis den 20.04.2024 kritt Dir eise beléiften Houseburger "De LëtzeBurger" mat engem spezielle Brioche Bréitchen an Häerz-Form zerwéiert. Fir all Häerz-Burger dee verkaf gëtt spende mir 1€ un den Télévie. Kommt also bis laanscht an eise neie Restaurant zu Ettelbréck am Cactus Marché, a gönnt Iech ee gudden Burger fir de gudden Zweck !

https://letzeburger.lu/