Organisateur: Syndicat d'Initiative Burmerange

Wou: Centre Maus Ketti Burmerange

De SIB invitéiert Iech op hiren traditonelle Choucroute's Owend.
Mir zerwéieren den Apero ab 19 Auer an d'Iessen fir 19h45.
Um Menu stinn Choucroute garnie à volonté oder e Kéisteller. E waarme Wupp fir d'Kanner gëtt et och. An natierlech hu mir och e gudde Patt am Service.
Fir den Télévie sammelen mir Don'en an eng speziell Boermerenger Télévie Maus Ketti ass entworf ginn an steet zum Verkaf. Den Erléis vun der Vente geet intégral un den Télévie.
Obligatoresch Umeldung bis de 14. Oktober 2024 via SMS oder per Mail.
Bezuelt gëtt Owes op der Plaz, cash, Payconiq oder Sumup.
Mir wiere frou, mat Iech e flotten Owend ze verbréngen!

https://sib.burmerange.lu/manifestatiounen/choucroute-owend