Organisateur: Apeef, Maison relais, Jugendhaus, Einseignanten

Wou: Schuller Schoul

Um Wanterfest bidden d’Kanner vun der Schuller Schoul selwer gebastelt Saachen un a verkafen Kuch a Kichelcher, dei si gebak hunn. Si sangen e Chrëschtconcert mat hieren Enseignanten an och mat der Schuller Museksschoul. D’Maison relais organiséiert de Karaoké a liest de Kanner Geschichten vir. Och d’Myriam Karels an d’Diane Orban hunn sech bereed erkläert, aus hierem Buch « Et rabbelt an der Broutgaass » (fir de Buchpräis nomminéiert) virzeliesen. D’Elterenvereenegung këmmert sech em de Catering an d’Gedrénks. Den Erléis kënnt dest Joer dem Télévie zegutt.

https://Facebooksäit vun der Apeef Dippach