Den Bernard Querinjean huet op eegen Initiative e Padel-Tennis Tournoi organiséiert. D'Matcher sinn gespillt ginn um Terrain vum Club Garisart zu Arel. All ageschriwwenen Spiller huet en Don gemaach an esou sinn bis elo schonn 3.114 € gesammelt ginn. Trotz de killen Temperaturen ass am freie gespillt ginn an Stëmmung war dofir ëmsou méi hëtzeg. E grousse Merci fir dës flott Manifestatioun an de generéisen Don vun de Spiller un den Télévie.