De Bürger Lars Dietrich an d'Caroline Beil bréngen d'Leit e Sonndeg zu Maarnech am Cube zum laachen. Béid Acteuren sinn de Moment op Tournée mat 'Rent a Friend'. Et ass eng turbulent-witzeg Komedie

Caroline Beil/Bürger Lars Dietrich

De Jürgen Schwarz huet dem Joey Kelly gehollef e neie Weltrekord opzestellen. Bei der "24h American Football Challenge" goufen de 16./17. November 4.454,6 Kilometer gelaf. Dëst Joer sinn am ganzen 20,1 Mio beim RTL Spendenmarathon gesammelt ginn.

Jürgen Schwarz

1.639.570 sinn 2023 beim Télévie zesumme komm. Den 20ten Abrëll 2024 ass dee groussen Téléviedag, a gëschter hu sech déi nei Zentren virgestallt. D'Relève iwwerhuelen vun elo un d'Gemengen Habscht, Mäertert/Waasserbëlleg, Noumer an als 'Centre permanent' nees Rodange.

nei Téléviezentren

De Lancement vum Télévie huet de Joël Marques Cunha mat engem Lidd vu Coldplay musikalesch begleet. Hien ass um Wee un d'Spëtzt vun 'The Voice' an Däitschland. Am Team vum Bill an Tom Kaulitz huet hien schonn e schéine Parcours zréckgeluecht, a steet nächste Freideg an der Halleffinall.

Joël Marques Cunha