01/03/2024 Occasiounsmaart meets Télévie: de Bilan!

Mir maachen dat zesumme mam Nuno Fernandes vun Occasiounsmaart, deen an dësem Kader eng ganz besonnesch Aktioun lancéiert hat…

Nuno Fernandes: „Mir wëssen dass mir gewéinlech an de Méint Januar a Februar relativ vill Autoe verkafen. An dofir hate mir d‘Promesse gemaach bei all verkaaften Auto 100€ dovunner ze spenden un den Télévie Lëtzebuerg.“

An, et kéint ee bal soen den Occasiounsmaart an den Télévie wiere Gesëschter?

Nuno Fernandes: „Mir feieren am Fong elo 2024, Télévie Lëtzebuerg a mir, 23 Joer Bestoen. Dat ass och vläicht e Grond, well mir einfach gesot hunn: komm, mir maachen do eppes!“

Bei all 50. Auto huet Occasiounsmaart nach weider 500€ dobäi geluecht. 15‘000€ haten de Nuno Fernandes an seng Equipe sech als Zil gesat. 17'500€ sinn um Enn zesumme komm.

Nuno Fernandes: „D‘Stëmmung war gutt, mir sinn och vill gelueft ginn fir déi Aktioun. Et huet ee wierklech gespiert dass d‘Leit gesot hunn: Ok, wann ech schonn en Auto kafen an ech kann doduerch och eppes fir de gudden Zweck maachen… d‘Gefill war gutt, an d‘Leit ware wierklech houfreg eppes fir de gudden Zweck ze maachen, an dat deet engem Geschäftsmann och gutt.“

Ëmmer nees schéin, wa jidderee gewënnt!