De Raymond Bernard weess sech ze behuelen duerch säin Ëmgang um Haff mat Staatscheffen, Kinneken a Keeser. Um Haff ass hien an déi eenzel Posten wéi Majordome, Butler, Dénger, Event Manager, Organisateur an Etikette Professer eragewuess.

LIVE - Raymond Bernard

De Joey Ferreira huet et vu Nidderkuer aus als Model bis op Monaco bruecht, op d'Wiel vum 'Top Model International'. Hei huet hien et bis an d'Top Ten gepackt, an och wann de Jury him net genuch Punkten ginn huet, de Publikumsvoting huet hien fir sech entscheet.

LIVE - Joey Ferreira

Eemol d'Joer struewelt d'Personal aus der RTL City fir den Télévie a kritt prominent Verstäerkung vu Leit aus der Politik an dem ëffentleche Liewen. Zesummen mam Christophe Goossens, CEO vun RTL Lëtzebuerg an der BCE an dem Elmar Heggen, Deputy CEO A COO RTL Group pedalléieren Leit aus den eenzele Servicer a maache sech midd fir den Télévie.

LIVE - Télévie-Challenge