Dës ganz Woch steet am Zeeche vum Télévie! Et ass dëst Joer déi 22. Editioun vum Lëtzebuerger Télévie. Et geet drëms d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukemie bei de Kanner virun ze bréngen.
Fir d'éischte Kéier zanter 2006 huet Waasserbëlleg nees e Centre de Promesse fir den Télévie. De Jean-Marc Turmes huet et haut an den Osten verschloen.