Zu Äischen an der Gemeng Habscht steet alles prett fir de groussen Télévie-Dag dëse Samschden. Vill flott Iddie goufen sech ausgeduecht fir deen Dag esou ofwiesslungsräich wéi méiglech ze gestalten. An dat ass wierklech gelongen, dat seet och d'Marie Gales, dat de Moien beim Organisatiounscomité an der Gemeng Habscht op Besuch ass. E wichtege Mann am Team ass do de Caissier an dat ass an der Gemeng Habscht den Erny Freymann.