Update: 19.04.2024 07:55
Télévie: Habscht
De Samschden ass de groussen Dag vun der Mammut-Aktioun Télévie. Dat ganzt Joer ass an de Centre de Promesse richteg vill lass, et gëtt vill op d'Bee gestallt an eben drop higeschafft fir vill Sue fir d'Fuerschung ze sammelen. An der Gemeng Habscht zu Äischen stelle si dëst Joer den Télévie-Zenter an d'Marie Gales ass an d'Gemeng Habscht gefuer fir den Organisateuren iwwert d'Schëller ze kucken an ass op äifreg Damme gestouss, d'Astride Lallemang an d'Martine Horsmans.