Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Gemeng Habscht den Télévie ënnerstëtzt, de Secrétaire vum neien Organisatiounscomité Frank Devos.
Wuel gemierkt den Télévie-Dag ass dëse Samschden an der Gemeng Habscht zu Äischen an dat op 2 Plazen.
Esou e Centre de Promesse organiséiert sech net vun haut op muer, vill Leit sinn do mat um Dill fir e ganzt Joer flott Eventer op d'Been ze kréien. An natierlech och den Télévie-Dag selwer soll en Highlight gi mat ville flotte RDVen, esou de Caissier Erny Freymann, e klengt Beispill
Fir vill Leit an den Organisatiounscomitéen ass et eng perséinlech Affär firwat si sech beim Télévie engagéieren, esou d'Martine Horsmans.
An Dir kënnt Ären Don scho maachen: op
an um Telefon 8002 66 66.
Muer de Moien ass de Patrick Greis an engem weidere Centre de Promesse ënnerwee an dat an der Gemeng Noumer, kuerz no 7 Auer mellt hie sech vun do fir eng éischte Kéier.