Télévie: Noumer
An eisen 4 Téléviezenteren ass de Countdown am gaangen. 5 Méint waren se elo iwwerall fläisseg, egal ob zu Rodange, Habscht oder Waasserbëlleg. Awer haut wëll mer apaart en A op Noumer geheien, den nërdlechsten Zenter, dee mer dëst Joer hunn. Fir si ass den Télévie eng absolut Première, awer si scheien d'Aarbecht net a weisen Häerz an dat net eréischt e Samschdeg um groussen Dag, mee och haut de ganzen Dag wou si am Mëttelpunkt stinn.Den Owend am Magazin ass et d'Rosa Clemente, dat sech vum Camping Nommerlayen mellt, an elo ass et de Patrick Greis.