19/04/2024 Télévie: Moto-Tuer 2024

Lass geet et muer de Moie géint 10 Auer zu Waasserbëlleg hannert dem Centre Culturel wou ee sech op der Plaz kann aschreiwen.

Fir 20 Euro Startgeld, déi fir den Télévie gespent ginn, kann een zesumme mat villen anere Motosbegeeschterten e flotten Tuer duerch d'Land an anengems eppes fir de gudden Zweck maachen. Alain Rodenbour vum Moto-Club Kayldall:

"Et geet fort zu Waasserbëlleg wéi gesot, Richtung Iechternach duerno Richtung Fiels op Noumer wou mer da Mëtteg maachen. Zu Noumer gëtt dann erëm gestart géint hallwer 2, véierel fir 2 wou mer da Richtung Habscht/Äische fueren, wou zu Äischen dann e klenge Stopp ass vu 45 Minutten. An da vun Äischen geet et erof op Rodange wou déi grouss Arrivée ass."

Matfuere kann alles wat Rieder huet an ënnert d'Kategorie Motorrad fält, also souwuel ganz normal Motorrieder wéi awer och Sidecars oder Quatten an Triken. De Moto-Club Kayldall deen dësen Tuer well zanter méi wéi 10 Joer organiséiert, freet sech all Joer op déi sëllege Leit déi matfueren. Et gesäit een den Tuer dann och als Méiglechkeet sech als Motorradsfuerer kënne vu senger gudder Säit ze weisen:

"Et gëtt genuch op d'Motorradsfuerer geklappt an ech mengen et ass ëmmer ee vun deene Motostier déi ganz gutt beim Public ukommen a wou deen och gesäit, dass d'Motorradsfuerer net sou si wéi se ëmmer beschriwwe ginn. An natierlech fir ze hëllefen."

Also, wann Dir muer nach näischt um Programm hutt, e Motorrad doheem an der Garage stoen hutt, da mellt Iech muer de Moien zu Waasserbëlleg spontan nach un.